Biisser Dammen Turnveräin

Iwwert eis

Biisser Dammen Turnveräin

Schonn zanter 34 Joer besteet de Biisser Dammen Turnveräin. Déi éischt Statute goufen den 12. Dezember 1985 hannerluecht. An der Saison 2018/2019 hate mer 55 aktiv Memberen, déi sech op 4 verschidde Course verdeelt hunn. Ganz vill komme méimools an der Woch, well jo d’Coursen och ganz ënnerschiddlech sinn. Bekanntlech mécht et vill Spaass an et kritt een och méi Kraaft, wann een an engem Grupp schweesse kann. Fir déi nächst Saison hu mer eis Offer nach ausgebaut, an et kann een tëschent 6 verschidde Course wielen. D’Course sinn an der neier Sportshal beim Fussballsterrain, wou den Turnveräin e Sall am 2. Sous-sol huet. Déi ganz Offer fannt Dir och am Uschloss.

Natierlech läit den Haaptakzent vum Club op dem Sport, mä och de sozialen Aspect ass net ze vergiessen. Den Turnveräin organiséiert all Joer am Fréijoer en Thé dansant, hien hëlt am Juni un der Nuit des Sports deel an ass feste Bestanddeel vum Chrëschtmaart. Do derbäi fënnt ee Vertrieder vum Turnveräin bei alle Manifestatiounen, déi vun der Gemeng organiséiert ginn. Momentan besteet de Comité aus 8 Memberen: Presidentin: Rita Szkolik-Hillmann, Vizepresidentin: Renée John-Heynen, Caissière: Gaby Marnach-Conzemius, Sekretärin: Josiane Kiefer-Schaul, Memberen: Liliane Loscheider-Hesse, Francine Kayl-Ley, Berthy Engelmann-Fonck, Daniela Mrani-Coulter.

Coursen

Galerie

Kontakt

 

Dir hutt Froen?

Da schreift eis eng Email op info@bidatu.lu oder rufft eis un:

PresidentinRita SzkolikTel: 621 725 401
VizepresidentinRenée JohnTel: 691 610 233
SekretärinJosiane KieferTel: 621 356 726
CaissièreGaby MarnachTel: 621 276 617