Mir starten an d’Woch fir eis Balance, Réck, Ärm a Bauchmuskulatur ze stäerken.

Zil ass d’Verbesserung vum Gläichgewiicht, fir sou d’Koordinatioun souwéi d’Kierperhaltung an d’ Fitness am Alter ze garantéieren.

 

D’Course fänke méindes den 19. September 2022 un. D’Woch vum 19. bis den 24. September ass eng Schnupperwoch. Do sinn d’Course gratis.

 

Aschreiwe kënnt der Iech op der Plaz. Den Aschreiwungsformular fir erofzeluede fannt Dir awer och hei:  Fiche d’Inscription 2022/23 Dir kënnt en och gäre per Mail un info@bidatu.lu zréckschécken. Weider Infoen per Telefon 621 35 67 26.