Editeur, Hosting Provider, Proprietär

Den Internet Site www.bidatu.lu a säi Contenu sinn d’Proprietéit vun der Biisser Dammen Turnveräin asbl, mat Sëtz zu Biissen, deen ënnert der Registernummer F4728 agedroen ass.

D’Direktioun vun der Publikatioun ënnerläit d’Sekretärin vun Biisser Dammen Turnveräin asbl, d’Madamme Josiane Kiefer.

D’Konzept an den Design vum Internetsite goufe vun der Kommunikatiounsagence Vidale- Gloesener, 7, route de Luxembourg, L-6130 Jonglënster, LËTZEBUERG gemaach. D’En- twécklung vum Internetsite gouf vun der Kommunikatiounsagence binsfeld, 14, Place du Parc, L-2313 Luxembourg, LËTZEBUERG gemaach.

Wann Dir als Benotzer eng Anomalie oder soss e Problem op dësem Site sollt feststellen, da went Iech w.e.g. u Vidale-Gloesener: info@vidalegloesener.lu

Den Internetsite ass a Frankräich hebergéiert bei OVH, 2 rue Kellermann BP 80157. 59100 Roubaix, FRANKRÄICH.

Andeems een de Site weider benotzt, akzeptéiert de Visiteur folgend Konditiounen.

Biisser Dammen Turnveräin asbl behält sech doriwwer eraus och d’Méiglechkeet vir, d’Benotzerkonditioune vun dësem Site all Moment ze änneren. An deem Sënn réit Biisser Dammen Turnveräin asbl alle Benotzer, reegelméisseg déi lescht Versioun vun de Benotzerkonditioune vum Internetsite ze consultéieren.

Fir all Reklamatioun kann de Benotzer den Editeur vum Internetsite op folgender Adress kontaktéieren: info@bidatu.lu

Benotze vum Internetsite

De Benotzer engagéiert sech, den Internesite uerdnungsgemäss ze benotzen, d’Rechter vu Biisser Dammen Turnveräin asbl net ze verletzen an hinnen net ze schueden.

De Benotzer engagéiert sech der Firma hir Reputatioun net ze schiedegen, d’Firma net ze verleumden oder ze bedrängen, oder der Biisser Dammen Turnveräin asbl, engem vun hire Clienten oder engem Drëtten ze droen a kee Gerät, Programm oder Software ze benotzen, deen dem Fonctionnement vum Internetsite kéint schueden.

Objet vum Internet site

D’Zil vum Internet Site www.bidatu.lu ass:

  • D’Firma Biisser Dammen Turnveräin asbl virzestellen;
  • D’Coursen, déi Biisser Dammen Turnveräin asbl proposéiert, virzestellen;
  • De Benotzer ze erlaben, mat Biisser Dammen Turnveräin asbl a Kontakt ze trieden.

Intellektuellen Eegentum

Den Internetsite, grad wéi säi Contenu gehéieren Biisser Dammen Turnveräin asbl a gi vun hinne bedriwwen. D’Texter, d’Fotoen, d’Publikatiounen, d’Dokumenter fir erofzelueden oder all aner Kreatioun oder original Dokumenter, sinn duerch d’Urheberrecht op eng net limitativ Aart a Weis geschützt.

Biisser Dammen Turnveräin asbl ass de Rechteinhaber vum intellektuellen Eegentum an ass berechtegt d’Reproduktioun oder d’Representatioun ze erlaben. All Reproduktioun, Representatioun, Iwwersetzung, Adaptatioun oder Citatioun, ob integral oder deelweis, vun den uewe genannten Elementer, ass strengstens verbueden, ausser et läit eng schrëftlech Erlaabnes vun Biisser Dammen Turnveräin asbl vir, déi am Viraus uegfrot gouf.

Den Internetsite ass fir Äre perséinleche Gebrauch virgesinn mat engem net kom- merziellen Zil. D’Benotze vum Inhalt vum Internetsite oder iergendengem Element vum Internetsite ausserhalb vun engem perséinlechen a private Gebrauch, erfuerdert am Vi- rausser eng schrëftlech Erlaabnes vun Biisser Dammen Turnveräin asbl.

Zougang zum Internetsite

Biisser Dammen Turnveräin asbl beméit sech ëm d’Disponibilitéit vun dësem Internetsite. Allerdéngs kann Biisser Dammen Turnveräin asbl net verantwortlech gemaach ginn, fir eng zäitweileg Indisponibilitéit vum Internetsite aus Maintenancegrënn, oder well Verbesserunge virgeholl ginn, oder aus technesche Grënn, déi net op d’Firma zréckze- féiere sinn. Biisser Dammen Turnveräin asbl behält sech d’Recht fir, engem Benotzer den Zougang zum Internetsite zu all Moment an ouni Virumeldung ze verbidden.

Lienen op aner Internetsitten

Den Internetsite ka Lienen op extern Internetsitte benennen, déi Iech interesséiere kéin- ten.

Biisser Dammen Turnveräin asbl kann net an d’Verantwortung gezu ginn, wann et ëm de Contenu vun enge vun dësen Drëttpartei-Internetsitten geet, op déi Dir Zougang krut via den Internetsite.

Biisser Dammen Turnveräin asbl huet kee Kontrollmëttel iwwert de Contenu vun dësen Drëttpartei-Internet Sitten, déi onofhängeg vun Biisser Dammen Turnveräin asbl sinn.

Doriwwer eraus heescht d’Bestoe vun engem Lien tëscht dem Internetsite an engem Drëttpartei-Internetsite kengesfalls, dass Biisser Dammen Turnveräin asbl de Contenu vun dësem Site op iergendeng Aart a Weis approuvéiert oder d’Benotze guttheescht.

Kontakt

Dir kënnt eis fir all weider Informatiounen iwwer d’Email info@bidatu.lu kontaktéieren oder op folgender Telefonsnummer: (+352) 621 356 726.

Geltend Recht

All Litigen a Relatioun mam Internetsite, senger Consultatioun oder d’Benotzen dovun duerch de Visiteur ënnerleien der Lëtzebuerger Gesetzgebung an der Kompetenz vun de Lëtzebuerger Geriichter.