Biisser Dammen Turnveräin
Schonn zanter iwwer 35 Joer besteet de Biisser Dammen Turnveräin. Déi éischt Statute goufen den 12. Dezember 1985 hannerluecht. An der Saison 2021/2022 hate mer 105 aktiv Memberen, déi sech op 8 verschidde Course verdeelt hunn. Ganz vill komme méimools an der Woch, well jo d’Coursen och ganz ënnerschiddlech sinn. Bekanntlech mécht et vill Spaass an et kritt een och méi Kraaft, wann een an engem Grupp schweesse kann. Sämtlech Course gi gehal vum Steffi Jurkszajtis a vum Fraenz Nickels.
Nei dëst Joer ass, datt eise Programm a Cooperatioun mat der Gemeng opgestallt gouf. Sou fléissen d’Course vum Steffi, déi elo ënner Bissport gelaf sinn, an de Programm vum Dammen Turnveräin a ginn och esou an eisem Flyer opgelëscht.
Mir hunn eis ëmmer ganz strikt un all Covid-Reglementer gehal a mir hunn alles gemaach, datt eis Coursen an der gréisst méiglecher Sécherheet fir d’Gesondheet konnten ofgehal ginn. Dat gëllt natierlech och fir déi nächst Saison, je nodeem wéi eng Reglementer do en vigueur sinn.
D’Course sinn an der neier Sportshal 1, rue des Sports L-7795 Biissen, wou den Turnveräin e Sall am 2. Sous-sol huet. Déi ganz Offer fannt Dir och am Uschloss.
Natierlech läit den Haaptakzent vum Club op dem Sport, mä och de sozialen Aspect ass net ze vergiessen. Den Turnveräin organiséiert all Joer am Fréijoer en Thé dansant (wann dat méiglech ass), hëlt am Juni un der Nuit des Sports deel an ass feste Bestanddeel vum Chrëschtmaart. Do derbäi fënnt ee Vertrieder vum Turnveräin bei alle Manifestatiounen, déi vun der Gemeng organiséiert ginn. Momentan besteet de Comité aus 7 Memberen: Presidentin: Rita Szkolik-Hillmann, Vizepresidentin: Renée John-Heynen, Caissière: Gaby Marnach-Conzemius, Sekretärin: Josiane Kiefer-Schaul, Memberen: Edith Roilgen, Francine Kayl-Ley, Berthy Engelmann-Fonck.