Gelenkschounend an entspanend mat an ouni Ball oder Lastik. Mir brauche keng Schung.
Hei geet et drëms, fir duerch Dehnübungen de Kierper méi beweeglech ze maachen. En allgemengt Wuelbefanne stellt sech an.
D’Course fänke méindes de 14. September 2026 un. Déi éischt Woch ass eng Schnupperwoch. Do sinn d’Course gratis.
Aschreiwe kënnt der Iech op der Plaz. Den Aschreiwungsformular fir erofzeluede fannt Dir awer och hei: Fiche d’Inscription 2026/2027. Dir kënnt en och gäre per Mail bi-fitasblbissen@clubee.club zréckschécken. Weider Infoen per Telefon 621 35 67 26.