Een ofwiesslungsräiche Ganzkierpertraining mat an ouni Material.

Ziler sinn eng Steigerung vun der Kraaft an eng Verbesserung vun Ausdauer a Konditioun, an dat onofhängeg vum Fitnesslevel a vum Alter.

 

D’Course fänke méindes den 19. September 2022 un. D’Woch vum 19. bis den 24. September ass eng Schnupperwoch. Do sinn d’Course gratis.

 

Aschreiwe kënnt der Iech op der Plaz. Den Aschreiwungsformular fir erofzeluede fannt Dir awer och hei:  Fiche d’Inscription 2022/23. Dir kënnt en och gäre per Mail un info@bidatu.lu zréckschécken. Weider Infoen per Telefon 621 35 67 26.