Body Pump ass ee Ganzkierpertraining mat laangen oder kuerzen Hantelen. En déngt ganz spezifesch der Kraaftausdauer. Wann d’Gewiichter kleng sinn, gëtt d’Übung ganz dacks widerholl fir deeselwechten Effekt ze hunn.

 

D’Course fänke méindes den 16. September 2024 un. Déi éischt Woch ass eng Schnupperwoch. Do sinn d’Course gratis.

 

Aschreiwe kënnt der Iech op der Plaz. Den Aschreiwungsformular fir erofzeluede fannt Dir awer och hei:  Fiche d’Inscription 2024/25. Dir kënnt en och gäre per Mail bi-fitasblbissen@clubee.club zréckschécken. Weider Infoen per Telefon 621 35 67 26.