Mir starten an d’Woch fir eis Balance, Réck, Ärm a Bauchmuskulatur ze stäerken.

Zil ass d’Verbesserung vum Gläichgewiicht, fir sou d’Koordinatioun souwéi d’Kierperhaltung an d’ Fitness am Alter ze garantéieren.

 

D’Course fänke méindes den 16. September 2024 un. Déi éischt Woch ass eng Schnupperwoch. Do sinn d’Course gratis.

 

Aschreiwe kënnt der Iech op der Plaz. Den Aschreiwungsformular fir erofzeluede fannt Dir awer och hei:  Fiche d’Inscription 2024/25. Dir kënnt en och gäre per Mail bi-fitasblbissen@clubee.club zréckschécken. Weider Infoen per Telefon 621 35 67 26.